12. März 2016 am Atelier:
Foundation.lu & Noiseworks présentéiren de neien an och läschten T the Boss Solo-Album mam Titel “ËMMER NACH ECH” !!! Déi grouss Release Party fënnt am Atelier statt.
Support Acts ginn nach annoncéiert.
Early Bird Tickets + Gratis CD den Owend selwer gët et bis den 12. Februar nach fir 8€ op dëse Plazen:
➖ Bistrot Bei de Bouwen (Luxembourg/Pfaffenthal)
➖ Rebounce Shop (Luxembourg/Gare)
➖ Inked Geeks Tattooshop (Esch Alzette)
➖ Olliewood Skateshop Luxembourg (Luxembourg/Centre)
➖ Online um Site vum den Atelier:
http://www.atelier.lu/
Ab den 12. Februar kommen dann déi richteg Virverkaf Tickets raus.
Den 12. März ass den T the boss live am Atelier ze gesinn. Waat et mat deem Datum genau op sech huet ass nach net gewosst, mee et handelt sech secher em méi wéi nëmmen en einfachen Optrëtt. Dir kënnt jidefalls lo schon Early Bird Tickets fir den Event kaafen, zum präis vun 8€. Déi Tickets get et nëmmen bis den 12. Februar!!! Dono kommen dann déi normal Tickets raus.
Tickets kritt een vun lo un op deenen Platzen:
➖ Bistrot Bei de Bouwen (Luxembourg/Pfaffenthal)
➖ Rebounce Shop (Luxembourg/Gare)
➖ Inked Geeks Tattooshop (Esch Alzette)
➖ Olliewood Skateshop Luxembourg (Luxembourg/Centre)
➖ Online um Site vum den Atelier:
http://www.atelier.lu/Upcoming-Shows/T-the-BOSS
T the Boss live @Rockhal Floor!!! HipHop 4 Life 2 Release!!!
Aus Support get et:
-En fetten 2 geint 2 Battle (T-way & Peter Punchline VS No Mercy & Typical Mindstein)
-Obtretter vun Ledé, Renix, Freshdax, Tommek
Virverkaf ass nemmen 5 € an et get dei nei CD Owes un der Entrée gratis dobei
Hei krit een de Virverkaf:
-Rebounce Shop / Luxembourg Gare
-Inked Geeks Tattoo & Comic Shop / Esch Alzette
-Olliewood Skateshop / Luxembourg Centre
Den 09.10.2015 brengt den T the Boss den 2ten Deel vun sengem Best of Mixtape “HipHop 4 Life” raus. Mat fetter Release Party am Floor vun der Rockhal!!! Um Mixtape sinn ronn 30 Lidder aus de 5 läschte Joeren drop, 5 nei Lidder an puer cool Remixen.
Op der Release Party get et niewend engem Obtrett vum T och fetten Support mam eischten 2vs2 Battle vun der Battle League, vun sengen Homies Renix, Ledé, Freshdax an vum Tommek!!! De Virverkaf kennt deemnächst raus an wärt 5 Euro kaschten, wou genau et tickets ze kaafen get, get een dann hei gewuer. D’CD get et den Owend selwer gratis un der Entrée dobei!!! Macht ierch bei well d’Plaatzen sinn op 200 Steck limiteiert!!!
HIPHOP 4 LIFE!!!
Hei de naisten Videoclip: T the Boss featuring Maniak – “Life goes on”!!!
E Lidd iwer d’Kandheet vum T the Boss a sengem Brudder, aus dem Album “T3000″
Vill spaass domat
No der grousser Release Party den 28. Februar, mat iwer 450 Leit an der Rockhal, ass den neien T the Boss Album “T3000″ natierlech och an den Geschäfter an per Download erhältlech. Hei kanns de e kréien:
- Cactus
- Cora
- Delhaize
- Rebounce Shop (Staat/Gare)
- CD Buttek beim Palais (Staat/Centre)
- Reservoir Games (Staat/Centre)
- Olliewood (Staat/Centre)
- Diez13 (Esch)
- iTunes
Ausserdem sin mir stolz ierch dei T the Boss HP ze presenteieren. Vill Spaas domat
Den éischten Videoclip aus dem T the Boss séngem neien Album “T3000″ ass ab lo bei Youtube ze gesin:
T the Boss – Mir sinn hinnen egal:
Ausserdem kann een bei iTunes och dei éischt Single mam Titel “Zäit vun eisem Liewen” roflueden, einfach hei klicken:
T the Boss – Zäit vun eisem Liewen
Den T the Boss bréngt Freides den 28. Februar säin Album “T3000″ eraus. Fir dat gebührend ze feieren invitéiert hien op e Concertsowend an de Club vun der Rockhal. Zesumme mam Rebel, dem LeDé, souwéi Freshdax ass en 100 prozentegen Hip-Hop Owend ugesot.
“T3000″ ass dem T säin drëtte Studio Album an ass e Schrëtt a Richtung vu méi erwuessenem an trotzdem technesch a musikalesch komplexem Rap. D’Lidder bestinn aus enger Mëschung aus elektroneschen Hip-Hop Beats op déi de Rapper seng nodenklech bis politesch Lyrics leet an natierlech och klassesche Rap Tracks.
an der Rockhal
Freideg, 28. Februar
Dieren : 20h00
Entrée mat CD : 5.-
Den Meinden den 26ten August as den T the Boss mat sengen Homies Ledé & Maniak live zegesin ob der Schueberfouer an der Dikkrecher Stuff.
Fier gut Musik suergt keen anneren wei den Dj DEE während dem Owend.
Den T an seng Leit wärten puermol am Owend op der Bühn stoen an mat ierch feieren, also losst ierch daat net entgoen an sidd am beschten geint speitstens 21.00 Auer do.