Biography

T-the-boss-199x300 in BiographyDen T ass 1985 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, an en huet den gréissten Deel fun senger Kandheet am Quartier vun der Gare gewunnt. 1996 ass en fir d’éischten Kéier mat Rap an Kontakt komm an séitdeem huet sech d’ Léiwt fir HipHop bei him emmer méi ausgebreed. Seng éischt Helden waren NWA an den deemols jonken Kool Savas. Am Alter vun 14,15 huet en fir d’éischten Kéier selwer probéiert Rhymes ze schreiwen, deemols nach op Däitsch. No enger Zeit ass em dunn d’ Idee komm ët ob Lëtzeboiesch ze probéiren, aus deem einfachen Grond well en daat nach nie héiren haat.

2001 an 2002 huet en dunn matt engem Koleeg (Jaylicious aka Sta) vun him, deen Beats gema huet, seng éischt richteg Schretter hannert dem Mic gema, déi deemols nach zimmlech primitiv waren. Bis 2003 huet en och 2 Cden rausbruecht, en underground Demo an en Album, déi trotz mangelnder Erfahrung an deelweis schlechter Sound-Qualitéit zimmlech erfolegräich waren (am negativen wéi am positiven Senn).

2004 ass den T dun fum Tze4 kontaktéiert ginn, deen duerch en Artikel an der gréisster Däitscher HipHop-Zeitung “Juice”, opmierksam ginn ass an och schon virdrun Saachen fun him héiren haat. D’ Chemie huet direkt gestëmmt an sou sin schnell déi éischt gemeinsam Tracks entstaan. Kuerz drop hun se dunn zesummen mam Iron-E, dee schon seit Kannerzeiten ee vum T sengen beschten Koleegen ass, KDM gegrënnt. No gratis Mixtapes wéi TNT mam Tze4 oder Unreleased Tracks 2005-2007 mam Toby an mam C-ART, villen Download Tracks, enger gudder partie Features, a villen Erfahrungen méi, huet den T 2009 zesummen mat sengen Homies vun Foundation eng EP mam numm “Unser Stolz/Notre fierté” rausbruecht, déi ageschloen huet wéi eng Bomm. Ronn 1000 verkaaften CDen, en Videoclip deen sech an den Planet Hits fun RTL 4 Wochen lang ob der Platz 1 gehaalen huet an Artiklen an sou zimmlech all grousser Zeitung a Lëtzebuerg hu gewisen datt HipHop aus Lëtzebuerg endlech och an den Medien ukomm ass.

2009-2011 huet den T niewend den arbechten u sengem Album och reegelméisseg gratis Videoen bei Youtube rausbruecht wei z.B. den “Exlusive 2009″ mam G-lami oder “Ecrire pour exister” mam Rebel (Platz 2 bei den RTL Planethits). Ausserdem war den T mat Foundation 2010 och direkt 4 mol beim Youth Music Award nominéiert, ennert annerem fir de beschten Video an dei beschten Lyrics. Net ze vergiessen, 2010 huet den T en Best of Mixtape mam Titel “HipHop 4 Life” released, waat et gratis rofzelueden get ob www.t-the-boss.lu.

No all deem Erfolleg, deen säin Héichpunkt 2011 mat “Facebook Generatioun” fond huet, deen Track deen wuel den gréissten Hit am T senger Carriere duerstellt, ass et 2011 dann och endlech souweit, den T the Boss brengt säin éischten richtege Solo-Album raus, mat engem Titel deen ganz einfach säin Liewen soll beschreiwen: ” RAP, HOMIES & FAMILL”…